...

NAMUN 2022

De MEGA-Club vum Lycée Michel-Rodange huet un der NaMUN (Model United Nations) Konferenz zu Namur deelgeholl, déi vun der belscher Partnerschoul Institut de Providence de Champion organiséiert gouf. Insgesamt 63 Schüler aus 7 Länner hunn um Event participéiert, dee vum 2. bis den 4. Februar am Wallounesche Parlament stattfonnt huet.

Den LMRL war mat enger Delegatioun vun 10 MEGA-Schüler a Schülerinnen vertrueden, dovunner waren 8 an der Funktioun als Delegéiert mat dobäi. Déi ganz Konferenz gouff a Kollaboratioun mat eisem Lycée organiséiert, sou dass zwee vun eise Schüler, den Tom Scheer an den Loris Zehren d’Éier haten d’Konferenz an der Funktioun vum Secretary General, respektiv Vize-Präsident vun der General Assembly ze leeden.

https://www.rtbf.be/article/premier-namur-model-united-nations-au-parlement-de-wallonie-11147101

Ils sont près de 80 jeunes, âgés de 16 à 18 ans, venus des quatre coins d'Europe et du Maroc. Durant trois jours, il participent à la première NaMUN, ou Namur Model United Nations, qui prend place dans les salles du Parlement de Wallonie.

Le principe, simuler un sommet des Nations Unies. Les étudiants sont appelés à jouer le rôle de délégués de différents pays, pour débattre des grands problèmes du monde actuel, environnement, conflits armés ou encore droits humains. Et même, pourquoi pas, tenter de trouver des solutions. En comité, les élèves défendront la position de leur pays, argumenteront, mèneront des débats, en anglais et en français, avant de passer aux votes. Bref, un mini sommet de l'ONU.

C'est l'institut de la providence de Champion qui organise l'évènement, les élèves de l'école ont accueilli leurs nouveaux camarades, et épaulent leur professeur de langues Florian Coheur, coordinateur de l'évènement. Pour lui, l'intérêt pédagogique d'un tel évènement ne fait aucun doute.

"En venant ici, ils doivent préparer un papier qui montre la position de leur pays sur un sujet, ça veut dire faire d'énormes recherches, il faut surmonter la peur de parler en public et s'exprimer dans une autre langue, en anglais. Et puis c'est développer des compétences en débat, en politique, je crois que ça leur apporte aussi une ouverture d'esprit, une ouverture culturelle".

Am Human Rights Council, deen och vum Tom a Loris geleet gouf, hunn eis Delegéiert den Problem vun der glawens- a reliounsbaséierter Intoleranz debattéiert. Den UNEP Committee huet den ekonomeschen Impakt vum Klimawandel behandelt an am Security Council gouf den Ukrain-Konflikt thematiséiert.

Eis Schüler a Schülerinnen, déi zum Deel di éischter Kéier op sou enger Konferenz dobäi waren, waren ganz erfollegräich. Verschiddener vun hinne kruten eng Auszeechnung zum beschten Delegéierten: – Sara Vaccino (3rd best delegate of GA) – Thomas Jack (2nd best delegate of UNEP) – Luca Radusi (2nd best delegate of GA, 3rd best delegate of Security Council) An och Mira Zwank, den Tom Dieschbourg, de Lou Mergen, de Charles Weimerskirch an den Hugo Van der Hecke gutt geschafft an sech an hire jeeweilege Komiteeën an och an der General Assembly behaapt. Begleet goufen Schüler vum Sandra Droste, Patrick Brücher a Sandra Galli.